Gnadenbrout???

Kuckt wegl net ewech wann Dir an Ärer Géigend Päerd gesitt déi extrem dënn sinn!

 

Schwätzt de Besëtzer oder de Proprietär vum Stall drop un, meld et bei eis oder bei enger anerer Déiereschutzorganisatioun.

 

Och wann dat an engem Pensiounsstall ass oder do wou Dir Reitstonnen huelt, Är Donnéeën gi selbstverständlech vertraulech behandelt.

 

Loosst Iech net vun „Experten" weismachen al Päerd géifen nun mol sou ausgesinn dat stemmt einfach net!

 

Al Päerd hunn ganz oft d’Zänn net méi an der Rei a kréien och dat beschten Gras net méi richteg geknat. Och hunn si ganz speziell Uspréch un d’Zesummesetzung vum Fudder, et geet net duer einfach nëmmen e bëssi méi ze fidderen. Ganz oft muss een och verschidde Fudderzorten testen bis een dat eraus fonnt huet wou dem Oldie schmaacht a wou hien gutt verdréit a verwäert kritt.

 

Den uerdentlechen Ënnerhalt vun engem alen Gnadenbrotpäerd ass leider immens opwänneg an deier.

 

Puer mol den Dag eng anstänneg Portioun Heucobs, do ass een séier op engem beträchtlechen Montant eleng wat d’Raufudder betrëfft. E Päerd wou keen Hee méi verwert kritt brauch 1,2 bis 1,5 kg Heucobs pro 100 kg Päerd den Dag. Dat wären bei engem 500 kg Päerd ( Soll- Kierpergewiicht!!!) teschend 6 an 7,5 kg den Dag! Dobäi kommen dann nach Kraaftfudder an eventuell néideg Zousätz.

 

D’Zänn mussen mindestens 2x d’Joer kontrolléiert an eventuell korrigéiert ginn, de Véidokter wärt och misse méi oft konsultéiert ginn well iergend en Alterszipperlein den Oldie plot. All dat kascht, an net wéineg :-(

 

D’Uspréch un d’Haltung sinn bei engem ale Päerd och méi héich wéi bei engem jonken a fitten.

 

En alt Päerd huet wahrscheinlech méi oder manner vill Arthros a muss dofir d’Geleeënheet kréien sech kennen konstant ze bewegen, et kann net einfach an eng Box gespaart ginn. Offenstall ass do ideal oder zumindest dagsiwwer Zougang zu engem befestegten Auslaf. Einfach stonneweis an e Matschpaddok setzen ass keng Léisung!

 

Natierlech muss dat a Gesellschaft vun Aartgenossen sinn. Awer hei muss drop opgepasst gin dass di aner Päerd bei den Oldie passen, hien net mobben an in etwa di selwecht Uspréch hunn wat d’Fudder betrëfft. Wahrscheinlech muss dat alt Päerd awer nach puer mol den Dag separéiert ginn fir kennen a Rou genuch ze friessen.

 

Bei ale Päerd di eventuell och nach net därmoosse vill Speck op de Rëpper hunn fonctionnéiert d’Thermoregulatioun net méi ëmmer sou gutt: si brauchen onbedéngt eng zugfrai drechen Plaatz di gutt agestreet ass fir dass si sech kennen leeën. Och hei muss bei der Zesummesetzung vum Grupp opgepasst ginn dass di aner Päerd den Oldie net ënner botteren, sou datt hien sech eventuell net ëmmer an de Stall traut.

 

Je no Witterung a Gesondheetszoustand mussen al Päerd vlait trotzdem nach zousätzlech deelweis eng Decken ugedo kréien.

 

Säin alt Päerd einfach nëmmen op eng ongefleegte Wiss ouni Ënnerstand stellen oder an enger Box parken an dobäi nokucken wéi et ëmmer méi dënn gëtt heescht net groussen Déierefrënn sinn an him d’Gnadenbrout ginn!!!