Wat gesäit eist Gesetz vir wann ech wëll e sougenannte Lëschtenhond ophuelen?

Wéi eng Muppe si betraff (art 10 vum Gesetz): 

Staffordshire Bull Terrier 

Mastiff 

American Staffordshire Terrier 

Tosa 

Déi Muppen déi ausgesi wéi di virdru genannte Rassen ouni Stammbam ze hunn 

Déi Muppen déi duerch ee Virfall vum Direkter vun der ASV als geféierlech agestuuft ginn

 

Hei d’Prozedur wéi d’Gesetz se virgesäit:

Éiert een sou ee Mupp an seng Famill ophëlt muss een eng theoretesch Formatioun vun 2x6 Stonne maachen. Déi gëtt vun der LAK organiséiert, kascht aktuell 250€ a gëtt zu Gaasperech ofgehal, ofwiesselnd op däitsch a franséisch. Umelle fir di Formatioun muss en sech per Email un vetfuchs@pt.lu 

Wann een di theoretesch Formatioun erfollegräich bestan huet muss een eng Demande un den Ackerbauminister man fir eng Autorisatioun ze kréien dee Mupp däerfen opzehuelen.

 

Opgepasst! Di Autorisatioun muss fir all Mupp eenzel gefrot ginn!

 

An der Demande mussen d’Donnée vum Halter a vum Mupp stoen, et muss en Auszuch aus dem Casier (Bulletin 2) derbäi sinn an eng Kopie vum Zertifikat vun der theoretescher Formatioun an der Carte d’Identité.

 

*Eréischt wann een di schrëftlech Autorisatioun vum Minister huet däerf een de Mupp bei sech huelen*

 

De Mupp muss minimum 24 Stonnen an eng dofir agreéiert Hondsschoul an dono en Examen maachen. No bestanenem Examen muss den Hond all 3 Joer an der Schoul virgestallt ginn (d’Gesetz schreift awer hei weder e neie Cours nach en Test vir). Am Kader vun dem Examen gëtt och doriwwer decidéiert op de Mupp däerf ouni Léngt lafen, bis dohin muss en ëmmer an iwwerall dobaussen un der Léngt sinn.

 

***Opgepasst, ganz wichteg! Dass d’Schoul en Agrément huet heescht just dass se däerf Coure ginn di am Kader vum Gesetz vun 2008 unerkannt sinn. Et ass KEE Qualitéitskritär an heescht och NET per se dass et sech hei em eng besonnesch gutt Schoul handelt. Et seet och NÄISCHT doriwwer aus mat wéi enge Methoden an där Schoul geschafft gëtt an op di Methode gewaltfräi sinn!***

 

Umelle op der Gemeng geet an zwou Etappen: 

1x direkt wann een de Mupp bis huet an 

eng zweete Kéier wann di vum Gesetz virgeschriwwen Oplage bis erfëllt sinn (Formatioun Hond an Halter, Kastratioun vum Hond ouni Stammbam)

 

D’Gesetz, seng Reglementer a FAQ fënnt een op der Homepage vum Ackerbauministère: http://www.ma.public.lu/
Do steet och eng Lëscht mat de Schoule wou en Agrément hunn, di Lescht ass awer net onbedéngt ganz à jour, frot roueg no an der Schoul wou iech gefält op si net och eventuell sou Couren ubidden