Zoulossungsbedingungen fir d’Euthanasiemëttel T61® zu Lëtzebuerg

Leschte Februar huet eent vun eise Schof missen ageschléifert ginn. Well eise gewinnte Déierendokter net ze erreeche war, ass dat vun enger friemer Véterinairin, wou deen Dag Déngscht hat, gemaach ginn.

 

Leider hat eist Schof ee laangen a sécher ganz ellenen Doud, hatt ass nämlech ouni Narkose matt T61® ageschléifert gin.

 

Bei him war genee dat agetratt wat d’Benotzen vun T61® sou ëmstridde mécht: wéinst senger beanträchtegter Kreeslaaffunktioun a wahrscheinlech och wéinst enger ze niddreger Dosis ass hatt duerch gelähmten Otemmuskulatur bei vollem Bewosstsinn erstéckt. Doduerch dass de Produit och eng staark lokal reizend Wierkung huet muss et och terribel wéi gedoe hunn.

 

Fir d’Schof war et sécher e ganz ganz schrecklechen Doud obschonns et (doduerch dass seng Muskelen gelähmt waren) ganz friddlech a roueg ausgesinn huet.

 

Mir hunn matt puer Véidokteren Récksprooch gehal, bei Notzdéieren, méiglecherweis och bei Nager a Vullen schéngt et gängeg Praxis ze sinn reng nëmmen matt T61® anzeschléiferen ouni d’Déier virdrun ze narkotiséieren.

 

Am Artikel 8 vun eisem Déiereschutzgesetz (Loi du 15 mars 1983 ayant pour objet d´assurer la protection de la vie et le bien-être des animaux) steet folgendes:

Un animal vertébré ne peut être tué ou abattu qu´après avoir été au préalable étourdi ou anesthésié sans préjudice des dispositions légales réglant l´exercice de la chasse et de la pêche.

Toutefois l´abattage de la volaille peut se faire par décapitation.

Si cependant les circonstances matérielles sont telles que ces mesures ne peuvent être prises, la mise à mort doit être opérée de façon à ce que, pour autant que possible, toutes douleurs ou souffrances soient évitées à l´animal.

Um aktuelle Beipackziedel (dee Bestanddeel vu senger Zouloossung ass) vum T61® steet ënner anerem:

Anwendungshinweise:

[…]T 61 darf nur an bewusstlose (narkotisierte) Tiere verabreicht werden, um ein unter ungünstigen Umständen mögliches Ersticken bei Bewusstsein auszuschliessen. […]

Kontraindikation:

Nicht an Tiere verabreichen, die bei Bewusstsein sind. Nicht bei trächtigen Tieren anwenden.

 

Och wann bis elo eng Rutsch Veterinairen sech däers net bewosst waren: 

d’Benotzen vun T61® ouni Narkos virdrun ass net nëmmen aus déiereschutz Grënn ofzelehnen mee ass                    

carrément v e r b u e d e n!

D’Uwennen bei trächtegen Déieren ass vollkommen verbueden, egal op matt oder ouni Narkos.

 

Fir de Véidokter heescht dat eventuell e bëssi méi bürokrateschen Opwand (Betäubungsmittelrecht) a fir den Déierebesëtzer gëtt et e bëssi méi deier, mee Pentobarbital sollt och bei deenen Déieren d’Mittel der Wahl sinn wann se mussen doud gemaach ginn.

 

D’Véidokteren hu eng diesbezüglech offiziell Circulaire vun der Santé kritt wou si nach eemol op Problematik T61® higewise si ginn.

Maacht wegl net dee Feeler dee mir gemaach hunn a wou eist Schof huet missen ganz ganz deier bezuelen:

frot de Véidokter am Virfeld ganz genee wéi ee Produit e benotzt, gitt net automatesch dervun aus dass hien am Sënn vum Déier handelt!

10/4/2014